Merci léif Supporter(innen) vum FC Wooltz 71

 

 

Léif Supporter a Supporterinnen vum FC Wooltz 71,

 ech wollt vun dëser Geleegenheet profitéieren, fir Eech am Numm vun all de Spiller an de Memberen aus dem Staff vun der éichter Equipe ee riesegrousse Merci auszedrécken.

 Mir bedanken eis aus ganzem Häerzen bei Eech fir déi immens Ënnerstëtzung, déi Dir Eis Weekend fir Weekend entgéint bréngt. Daat beste Beispill war ouni Zweifel dee letzte Championnatsmatch zu Gréiwemaacher, deen zu éngem groussen Deel äre Succès war, well ouni äre warmhäerzige Support wier et schwéier ginn, déi 3 Punkten mat op Wooltz ze holen.

Durch genau dësen Zesummenhalt hu mer gesinn, datt mir als Regioun Wooltz, wéi och intern als Equipe déi nemlicht Valeur’en wëllen verkierperen: eng Unitéit, déi souwuel a gudde, wéi och a schlechten Zäiten zesummenhällt fir de Maximum als Kollektiv aus all Mätch erauszehuelen, an och dobäi ganz neewesächlich den treisten a besten Supporter’en aus dem Land versicht, Spaass un eiser Passioun ze vermëttelen.An deem Sënn wënsche mer Eech alleguer elo schon am viraus ganz flott Feierdeeg, ee gudde Rutsch a nëmmen daat Best fir d’Joër 2017 a fussballerisch vill flotter Momenter am Pëtz oder och op friemen Terrain’er, ganz am Sënn vum FC Wooltz 71.

 Am Numm vun de Spiller an dem Staff vun der éichter Equipe
HUET Dan
eemolemmerFCwooltz71
zesummesimerstoark

AFTER WORK avec le FCW71!

Le FCW71 vous invite au „Hüttengaudi – After Work“ au terrain de football à Weidingen. Une bonne ambiance avec DJ ROM sera au programme le 15/12/2016 à partir de 17heures.