1/2 Finale Coupe de Luxembourg - FC Wooltz 71 vs US Hueschtert


08 May 2018

Léif Fussballfrënn alleguer, gläich ass et souwäit !

Dëse Mëttwoch um 19.30 Auer spillen eis Jongen an der 1/2 Finall vun der Coupe de Luxembourg géint d'US Hueschtert, déi dëst Joer déi gréisst Iwwerraschung an der BGL Ligue sënn.

Mer fréen eis de Bossi's Heng rem ze gesinn a begréissen natirlech och déi vill Supporter von Huerschtert, déi sech ugemeld honn, bei eis am Pëtz zu Wegdichen.

Trotzdem wëlle mer natirlich datt déi "ROUT" Faarw am Pëtz dominéiert. Dofir ee waarmen Appel un dat ganzt Eislék: Kommt eis Jongen ënnerstëtzen an hänkt Eech eppes "ROUDES" em :).

Ee klenge "roude" Kado, offréiert von eisem Sponsor "Groupe Jans" kri der och nach bei eis an der Entréescaisse.
Mer fréen eis op ee Fussballfest an dee Beschten soll gewannen  ;-)