FC WOOLTZ 71 vs US SANDWEILER


09 November 2018

Léiw Frënn vum FC Wooltz 71.

E Sonndig um 16.00 Auer spillen eis Jongen am Pëtz zu Wegdichen géint d'US Sandweiler.

No vill Pech, Verletzungen an enger katastrophaler Chancëverwäertung, lafen mer mat 12 vo 27 Punkten zimlich hannert eisen Erwaardungen. Elo geet et drëm fir sou séier wéi méiglich aus der zweeter Tabellenhalschend no uewen ze kommen.
Villmools Merci eisem Här Paschtouer, dem Martin Molitor fir sponsoren vum Ballon de Match !

Et bleiwen nach 4 Championnats-Matcher bis zur Wanterpaus an eng héich interessant 1/8 Finale an der Coupe de Luxembourg géint Rouspert.

Mer soen Eech Merci fir är Ënnerstëtzung wärend deem wichtigen Mount deen elo op eis Jongen zou keent.



Text: Jean-Claude Thines