FC Wooltz 71 vs Jeunesse Jonglënster


19 October 2018

Léif Fussballfrënn,

No der Lännerspillpaus geet et dëse Sonndig erem weider mam Championnat.

Am Pëtz spillen eis Jongen um 16.00 Auer géint den Opsteiger Jonglënster, dem seng Spiller, Staff, Comité a Supporter mer häerzlich zu Wegdichen begréissen.

Eis Jongen wäerten alles dru setzen schnell an der Tabell no uewen ze kommen.

Mer fréen eis erem op är Ënnerstëtzung, an dëst bei nach emol wonnerschéinem Fussballwieder.

MERCI