FC Wooltz 71 vs FC72 Ierpeldeng


11 April 2019

Léif Fussballfrënn,

E Sonndig steet mol erëm een „klengen“ Nordderby um Programm géint eis Frënn vum FC72 Ierpeldeng.

Mer heeschen hir Jongen, hiren Staff an hir Supporter häerzlich wëllkomm bei eis am Pëtz.

Een sécherlich interessanten Match ass ze erwaarden.

Déi Ierpeldenger brauchen all Punkt am Ofstigskampf an eis Jungs wëssen datt just nach mat 6 Victoiren an de leschten 6 Matcher vläicht eng Sensatioun méiglich ass....

An dem Sënn, bis e Sonndig um 16.00 Auer zu Wegdichen.

Merci



Text: Jean-Claude Thines