72 vs 71


04 November 2018

Léif Derby-Supporter

72-71 heescht et haut erëm. Den Nordderby aus der Éirepromotioun.

Wooltz ass liichte Favorit mä schliisslech spillen si schonn ee Joer méi laang Football, wéi d‘Jongen aus der Nordstad.
Schenk-Reeff heescht de Presidenten-Duell. Zwee Leit, déi de Football an hire Veräin liewen. Do huet den Ierpeldenger Präsi awer mat 23 Joer un der Spëtzt vum Veräin méi.......gro Hoer. Deemols war de Mich nach Poussins.

Op ee faire Match, eng laang Frëndschaft a vill flott Derby‘en.

Text: Fränk Kuffer

Photoen: Paul Krier (FuPa)