E Spektakel waart op Iech: Den FC Wiltz 71 fuerdert d'Alemannia vun Oochen!

Affiche Match Alemannia Aachen Foto vun Sheila Arendt



23 January 2024

No engem éischten Duell am Summer, wat den FC Wooltz 71 fir sech entscheede konnt, ass et e Mëttwoch erëm sou wäit!
Eis Ekipp trëfft erëm op den Traditiounsveräin Alemannia Aachen, dee fréier an der 1. an 2. Bundesliga doheem woar. Dësen Testmatch versprécht also ee richteg Fussballfest ze ginn, dat een op kee Fall verpasse sollt!
 
Datum: Mëttwoch, de 24. Januar 2024
Auerzäit: 18 auer
Terräin: Stade am Pëtz zu Wegdichen