BVB STAGE 2019
25 January 2019
Hallo Jongen a Meedercher.
Wann der nach vill méi wëllt léieren an emol sou trainéieren wéi är Alterskollegen an der Bundesliga, dann sot der Mamm am Papp, si sollen Eech séier umellen fir de Stage vum 09.09 bis 13.09.2019 mat der Fussballschoul vu Borussia Dortmund.
Si kommen dëst Joer scho fir déi 4.ten Kéier bei den FC Wooltz 71.
Umellen an weider Detailer ginn et bei eisem Caissier Luc Wangen vun der Jugendkommissioun - lwangen@pt.lu