UPDATE - Grouss Tombola vom FC Wooltz 71


02 April 2020

Léif Frënn vom FC Wooltz 71,

Wéinst der aktueller Situatioun ronderëm d´Corona Kris  a wéinst der Ongewëssheet wéi et weider geet, hon mer, zesummen mat eisen Partner Voyages Flammang an Neptun Cruises, decidéiert fir den Tirage von eiser Tombola (11.04) an den Dezember ze verréckelen, wahrscheinlich beim leschten Heemmatch vom Joer 2020.

De Problem stellt sech momentan virun allem beim Haaptpräis, der Päischtcroisière 2020, och wann MSC bis lo just alles annuléiert hott bis den 29.05, also een Dag virum Depart.

Kompetent an onkomplizéiert wéi ëmmer, hott Neptun Cruises eis dofir direkt Päischtcroisière 2021 als Haaptpräis offréiert.

Versuergt also är Billjeeën ganz gutt a sécherlich wäert den FC Wooltz och d'Gewënnerlëscht nach weider mat zousätzlichen Präisser verschéineren.

Mer maachen dann och keng nei Tombola an der Saison 2020/2021, mee verlängeren einfach des Editioun. Billjeeën, krit der deemno weiderhin op allen bekannten Platzen.

Agencen vum Voyages Flammang fann Dir ënnert folgendem Link.
https://www.flammang.lu/fr/nos-agences-de-voyages.html
Hir Agencen sinn de Moment alleguer zou mee per Email zeereechen, wou Dir zesummen mat hinnen aer nächst Vakanz bequem vun Doheem aus plangen kënnt.

Villmools Merci an haalt Eech alleguer monter.