norefnogame


29 September 2018

Léif Sportsfrënn,

Dësen Weekend steet besonnesch am Zeechen vun den Arbitteren, déi oft am Mëttelpunkt vun der Kritik stinn an deenen hir heiandsdo onpopulär Décisiounen oft kritiséiert ginn, mol zu Recht, mol zu Onrecht.

De Sport brauch awer all seng Acteuren an zu deene gehéiren och d’Arbitter, déi sech Match fir Match de Kritike vun de Sportler, de Veräinsresponsablen an de Spectateure stellen an op eng neutral Manéier derfir suergen, dass e Match sou gerecht wéi méiglech iwwert d’Bühn ka goën.

Keen ass perfekt an net all Décisioun ass ëmmer richteg, mee et soll ee probéiren a géigesäitegem Respekt mateneen ëmzegoën an de lëtzebuerger Sport esou op eng fair a konstruktiv Manéier weider ze brengen.

Desen  2e Weekend de l’Arbitrage stét de Recrutement vun neien Arbitteren ganz am Mettelpunkt ; an dénen 5 Federatiounen get et jeweils e groussen Manktum un Arbitteren; komm mir hellefen alleguer zesummen, dass mer esou schnell wie meiglech genuch Arbitteren rekrutei’ren an dass desem Manktum vun Arbitteren endlech en Enn gesât get.

D’Arbitteren vum Basketball, Handball, Volleyball, Football an Deschtennis.

#wewantyou    #norefnogame


Den FC Wooltz 71 ënnerstëtzt des Actioun.
Gidd Arbitter !
Bei Interesse mëllt Eech op info@fcwiltz.com







flyer 2018, wanted arbitter-2.pdf