Generalversammlung 2020
09 July 2020
FC Wooltz 71 – Generalversammlung 2020
Léif Gemengevertrieder,
léif Vertrieder vun de Veräiner,
léif Vertrieder vun eisen Sponsoren,
léif Memberen a léif Elteren
Heimat invitéiert de Comité vum FC Wooltz 71 Iech häerzlich op seng uerdentlich Generalversammlung, dei Freides, den 17. Juli 2020 um 20.00 zu Wegdichen an der Buvette stattfënnt.
Dagesuerdnung
1. Begréissung/Virwuert – Präsident Michael Schenk
2. Aktivitéitsbericht vum Joer 2019 – Sekretär Marc Foyen
3. Keessebericht vum Joer 2019 – Caissier Jean-Claude Thines
4. Entlaaschtung vum Caissier duerch Keesserevisoren
5. Neiwahl vun de Keesserevisoren
6. Comitéswahlen
7. Présentatioun Supporterclub
8. Présentatioun Programme 50 Joer FC Wooltz 71
9. Bericht vun der Jugendkommissioun – Präsident Christian Lisch + Koordinator
Joel Hausman
10. Bericht – Réckbléck/Ausbléck vum Trainer Seniors 1
11. Fräi Aussprooch
Motivéiert Memberen, dei wëllen am Comité matschaffen, sollen sech bis den 16. Juli 2020, schrëftlich mat Extrait aus dem Casier judiciaire melden. Dëst gëlt och fir dei austriedend an ëremwielbar Comitémemberen. Kontakt: info@fcwiltz.com.
Fir de Comité,
FOYEN Marc (Sekretär) SCHENK Michael (Präsident)