FC Wooltz 71 vs Victoria Rouspert


06 December 2018

Léif Frënn vum FC Wooltz 71,

Virun der Wanterpaus, erwaart eis dësen Sonndig am Pëtz sëcherlich nach een spektakulär ëmkämpften Coupe-Match géint den FC VICTORIA ROUSPERT zu deem mer natierlich och déi wait gereesten Supporter vu Rouspert härzlich begréissen.

Et wier jo flott wann eis Jungs deen grandiosen Parcours an der Coupe vun der läster Saison kéinten widderhuelen an sech fir 1/4 Finale géifen qualifizéieren. Ëmmerhin ass den FC Wooltz 71 doheem am "Enfer du Pëtz" säit dem 9. Mai (1/2 Finale Coupe) respektiv dem 22. Abrëll (Championnat) ongeschloen an et wier schoad wann des Serie grad am lëschten Match vum Joer op een Enn géif goen.

Kommt d'Jungs dofir e Sonndig ufeieren an erlieft Coupe Stëmmung am Pëtz.
Denkt drun, et geet schonn um 15.00 Auer lass !!
Der kannt Eech virdrun och nach stäerken mat Träipen, Kniddelen (bis keng méi eraginn) op eisem Traipenmëttig am Pëtz :)
https://www.fcwiltz.com/page/traipenmettig-60956

Bis e Sonndig.

Merci




Text: Jean-Claude Thines