FC Wooltz 71 vs Union 05 Käl-Téiteng


21 February 2018

Léif Supporter,

No der völlig onerwaarter Nidderlag géint Mäertert-Waasserbëlleg, an deem domatter verbonnenen Verloscht vun der Barrageplaz, heescht et elo fir eis Jongen erëm direkt d'Kéier zréck an d'Erfollegsspuer ze kréien.

Dëse Sonndig um 16.00 Auer ass den aktuellen Tabelleleschten Union 05 Käl-Téiteng op Besuch am Pëtz.


Sidd derbäi, trotz der annoncéierter Keelt ;-)


Bis dann