FC Wooltz 71 vs Swift Hesper

FC Wooltz 71 vs Swift Hesper

Léif Supporter,

No dem enttäuschenden 0-0 fir de Rëckronnenstart géint Bissen, probéieren eis Jongen et elo besser ze maachen géint den Opstiegskandidat vum Hesper Holleschbierg.

Ëmmerhin ass eis Equipe an der Saison 2018/2019 weiderhin ongeschloen am Pëtz an dat soll och sou bleiwen.

Mer heeschen natierlich de Swift Hesper mat sengen stëmmungsvollen " Hesper Bouwen" (w.e.g. ouni Pyro) herzlich wëllkomm bei eis am Pëtz zu Wegdichen a freeën eis op een flotten a fairen Match.

Mer gesinn eis Foas-Samsdig, owes um 18.00 Auer.

Bis dann


Text: Jean-Claude Thines