FC Wooltz 71 vs FC Alisontia Steesel


06 March 2020

Léif Supporter,

No ronn 3 Méint rullt de Ball endlich och rem am Petz zu Wegdichen. 

Nom just deelweis gegléckten Start an d'Réckronn zu Monnerich, kréien eis Jongen et lo e Sonndig um 16.00 Auer mat engem weideren spillstaarken Opsteiger ze dinn, nämlich den FC Alisontia Steinsel.

Och wann mer e Sonndig zu Monnerich eigentlich schon een Heem-Match haten, duerch déi ganz vill stëmmungsvoll Weeltzer Supporter, freeën mer eis lo natierlich Eech, nach méi zahlreich, am Petz erëm ze gesinn fir eis Equipe ze ënnerstëtzen an unzefeieren op eisem nach laangen Wee.

Merci eisem nei gegrënnten Supporter Club, fir dat wat si bannent kierzter Zäit op Been gestallt hon.

Eis Stadionzeitung fir de Match géint Steesel ass och online an fann Dir ënnert dësem Link:  Journal officiel FC Wooltz 71 vs FC Alisontia Steesel


Bis e Sonndig.