FC Wooltz 71 - FC72 ERPELDANG


20 October 2017

Dëse Sonndig, um 16 Auer, steet fir den FC WOOLTZ 71 de nächsten Nordderby um Programm.
Op Besuch ass den FC72 Erpeldang, deen mer häerzlich mat senge Supporter zu Wegdichen begréissen.
Do virdrunn ass ewer och schonn eppes gebueden am Pëtz. Um 13.30 Auer spillen d'Special Olympics Lëtzebuerg ee Gala-Match géint eis fréier Vedetten.
Kommt Eech och dëse Spektakel ukucken an verbréngt puer flotter Stonnen am Pëtz zu Wegdichen.

Detailer vum Programm fann dir hei drënner:
Ab 11.00 Auer Apéritif
11.45 Auer Kalen Buffet à volonté (op Réservatioun)
13.30 Auer FC Wooltz 71 Allstars - Special Olympics Lëtzebuerg
16.00 Auer FC WOOLTZ 71 - FC72 ERPELDANGE

Fir Equipe vun den FC Wooltz 71 Allstars sënn bis elo folgend Spiller ugemëllt:
Steve Schaack, Marc Hilger, Carlo Schon, Nuno Perreira, Eug Yi Lin, Guy Libambu, Marcel Huberty, Roland Esch, Claude Kandels, René Gasper, Pierre Grisius, Carlos Texeira, Fränk Arndt, Romain Schneider, Luc Melchior, Alain Pauly, Rom Gasper, Dany Muniken, Charel Pauly(Coach)