COUPE DE LUXEMBOURG 1/16 Finale


24 October 2017

Léif Fussballfrënn.
No zwou wichtigen Victoiren hannereneen, steet fir den FC Wooltz 71, de nächsten Weekend lo Coupe de Luxembourg um Programm.
E Sonndig, um 16 Auer begréisse mer d'ETZELLA ETTELBRECK am Pëtz fir den "one and only" Nordderby.
Säit mëttlerweil 5 Matcher waarde mer op eng Victoire an dësem wichtigen Match an eis Jongen wäerten alles dru setzen, dat endlich ze änneren an eis sou fir 1/8 Finall vun der Coupe ze qualifizéieren.
Mer freeën eis op grouss Stëmmung am Pëtz a soe lo schon alle rouden a bloen Supporter Merci fir de Besuch.