All zesummen!


19 March 2020

Leif Kolleegen an Frënn vum FC Wooltz 71,

Et ass momentan eng schwéier Zäit fir jiddereen an den Fussball ass am Moment zweetrangeg. Et weess keen wei et weider geet.

Mir wëllen Eech als Veräin awer bieden, an dësen schwéieren Zäiten och un eis Sponsoren an Partner ze denken déi eis déi letzt Joren ëmmer zur Säit stoungen. Och fir si ass et eng ganz schwéier Zäit. Dofir ënnerstëtzt sou gutt et geet déi lokal Commercen an Entreprisen wann et nëmmen méiglech ass. Nëmmen zesummen kennen mir alleguerten an eng positiv Zukunft kucken.

Bleift gesond an versuergt Eech!