Weekend national de l'arbitrage


29 September 2017

Léif Sportsfrënn,

Dësen Weekend steet besonnesch am Zeechen vun den Arbitteren, déi oft am Mëttelpunkt vun der Kritik stinn an deenen hir heiandsdo onpopulär Décisiounen oft kritiséiert ginn, mol zu Recht, mol zu Onrecht.

De Sport brauch awer all seng Acteuren an zu deene gehéieren och d'Arbitter, déi sech Match fir Match de Kritike vun de Sportler, de Veräinsresponsabelen an de Spectateure stellen an op eng neutral Manéier derfir suergen, dass e Match sou gerecht wéi méiglich iwwert d'Bühn ka goën.

Keen ass perfekt an net all Décisioun ass ëmmer richteg, mee et soll ee probéieren a géigesäitegem Respekt mateneen ëmzegoën an de Lëtzebuerger Sport esou op eng fair a konstruktiv Manéier weider ze brengen.

D'Arbitteren vum Basketball, Handball, Volleyball, Football an Deschtennis.